MandyMade & Nestwärme Lëtzebuerg

MandyMade & Nestwärme Lëtzebuerg

 

🎄 MandyMade & Nestwärme Lëtzebuerg – Eng Aktioun vu Léift am Dezember


De Dezember ass fir vill Mënschen eng emotional Zäit. Et ass d’Zäit vum Liichten, vum Zesummesinn an och vum Ginn. Dofir hunn ech decidéiert, dëst Joer eppes Besonnesches ze maachen – zesumme mat Nestwärme Lëtzebuerg.


⭐ Wat ass Nestwärme Lëtzebuerg?


Nestwärme Lëtzebuerg asbl ass eng Organisatioun, déi Famillen ënnerstëtzt, déi Kanner mat enger schwéierer Krankheet oder enger Behënnerung hunn.

Si bidden:


Entlaaschtung fir Elteren, déi dacks 24/7 fir hir Kanner do sinn


Emotional a praktesch Ënnerstëtzung, wann d’Liewen schwéier gëtt


Begleedung an Nout-Situatiounen


Momenter vu Léift a Normalitéit, do wou den Alldag immens usprochsvoll ass



Nestwärme schafft mat vill Häerz, vill Courage an engem risege Wonsch, datt kee Kand an keng Famill eleng duerch schwéier Zäite muss goen.


Dës Missioun beréiert mech déif – an dofir wëll ech eppes zréckginn.



---


🤲 Meng Dezember-Aktioun zu Gonschte vun Nestwärme Lëtzebuerg


Den ganze Mount Dezember spendet MandyMade en Deel vum Erléis un Nestwärme:


❤️ 1,50 € Spende pro Bestellung ab 20 €


All Bestellung vun minimum 20€ déi vum 1. bis 31. Dezember , spent automatesch 1,50 € un Nestwärme.


❤️ Spezial-Aktioun den 14. Dezember – 10% vun ALL Verkaf ginn direkt gespent


Den 14.12. sin ech um Candle Lightning Day vu Nestwärme selwer dobäi, an all Produkt, dat ech deen Dag verkafen, mécht e klengen, mee wichtege Bäitrag:

👉 10% vum Verkafspräis ginn direkt un Nestwärme gespent.


Dat gëllt fir all Kerz, all Bouquet an all aner MandyMade-Kreatioun.



---


🎁 Firwat ech dës Aktioun maachen


MandyMade ass a manner wéi engem Joer esou séier gewuess, an ech hunn esou vill Ënnerstëtzung, Léift a Vertrauen vun iech kritt.

Ech wëll eppes dovun weiderginn – un eng Organisatioun, déi wierklech Liewen verännert.


Wärend mir doheem eis Feierdeeg genéissen, hu vill Famillen eng komplett aner Realitéit.

Mat enger klenger Spende kënnen mir zesummen:


✨ Lachen an Gesiichter zauberen

✨ Elteren e Moment Paus schenken

✨ Kanner eng besser Zäit erliewen loossen


A kleng Geste kennen vill bewegen.



---


💛 Wéi kanns du matmaachen?


Ganz einfach:

Kaaft am Dezember deng MandyMade-Produkter – fir dech oder fir eng Persoun, déi’s du gär hues – an automatesch ënnerstëtzt du eng gutt Saach.


👉 All Bestellung ab 20 € = 1,50 € Spende

👉 14. Dezember = 10% vum Verkaf fir Nestwärme


Zesumme kënne mir vill bewierken.


Merci vu ganzem Häerz fir deng Ënnerstëtzung.

Merci fir deng Bestellungen.

A merci fir dat Vertrauen, dat’s du an meng Aarbecht hues.


Du méchs den Ënnerscheed mat méiglech.


Mat Léift,

Mandy

MandyMade – Handmade with Heart 🕯️💛






Retour blog

Multimedia-Collage

Bouquets éternels en cire - faits main avec amour

Bouquets éternels en cire - faits main avec amour

🌸 CandleBouquets – MandyMade 🌸 En Bouquet, deen ni verwielt – aus...