MandyMade – Méi wéi just Käerzen & Bouquets
MandyMade – Méi wéi just Käerzen & Bouquets
MandyMade – dat sinn ech, Mandy.
Am Ufank war nëmmen eng Iddi – an de Courage, nei unzefänken, nodeems ech mech verluer gefillt hunn. Haut ass MandyMade vill méi: eng kleng Welt aus Käerzen, Bouqueten, Dofter a klenge Kaddoen – all Stéck mat der Hand gemaach, mat engem einfachen Gedanken:
„En Stéck vun mengem Häerz fir dech.“ 💛
Wou alles ufänkt: am Häerz ❤️
Fir mech ass all Bouquet, all Käerz méi wéi just e Produit. Et ass en Gefill.
E Laachen, dat ech weider ginn. E Moment, deen ech festhalen.
Ech gleewen drun, datt Kaddoen net nëmme schéin ausgesinn, mee och eng Botschaft droen:
„Du zëls fir mech.“ ✨
Firwat MandyMade anescht ass 🌸
Et ginn der vill Käerzen a vill Kaddos-Ideen. Mee MandyMade ass perséinlech.
Et wiisst mat mir, menger Kreativitéit an menger Léift fir d’Detailer.
Ech léieren ëmmer bäi, entwéckele mech weider – nei Dufter, nei Techniken, nei Iddien.
Ech stellen mir selwer erausfuerderungen a maachen dovun eppes Besonnesches.
Ech wëll, datt meng Clienten spieren, datt se net einfach nëmmen eng Käerz oder e Bouquet kafen – mee e Stéck vu menger Welt, vu menger Geschicht.
Mäi Verspriechen 💫
Mat all Produit, deen aus mengem Atelier geet, verschenken ech Zäit, Sorgfalt a vill Häerz.
Meng Kreatiounen si net perfekt identesch, an dat ass genee de Charme – well och kee Mënsch ass wéi deen aneren.
Ech wëll, datt s du däi Produit an den Hänn hues a spiers:
„Dat ass mat Léift gemaach.“
Am Fong geet et net nëmme ronderëm Wues, Blummen oder Faarwen.
Et geet ëm Erënnerungen, ëm kleng Gesten, déi d’Liewen méi hell maachen. 🌟
✨ Dat ass MandyMade:
Kreativitéit aus Leidenschaft – ëmmer mat neien Iddien an Inspiratioun.
Handaarbecht mat Léift – all Stéck eenzegaarteg.
Fir dech geduecht – fir Freed ze verschenken oder fir dech selwer ze verwinnen.
💛 MandyMade – méi wéi just Käerzen. Et ass Häerz, Léift an eng Prise Magie. ✨